Oktavmass mat 350 Joer-Feier

by admin

De 16. Mee huet de Grupp elisabeth a senger traditioneller Oktavmass ganz besonnesch de Schwësteren vun der Hl Elisabeth Merci gesot, déi dëst Joer den 350. Anniversaire vun der Grënnung vun hirer Kongregatioun feieren.

Zanter 1672 hunn d’Schwëstere mat vill Aarbecht an Engagement dat opgebaut, aus dem e vun de gréissten Acteuren am sozialen Secteur hei zu Lëtzebuerg ginn ass. De Grupp elisabeth verdankt hinne ganz vill an ass iwweraus dankbar, datt d’Schwësteren hier Wierker der Elisabeth-Stëftung uvertraut hunn, déi haut zesumme mat der Generaldirektioun d’Responsabilitéit fir de ganze Grupp dréit.

Di feierlech Mass war gepräägt duerch dat, wat elisabeth staark a besonnesch mécht: si war mat vill Léift gutt preparéiert, hat fir jiddwereen e schéint Wuert, huet gewisen, wéi wichteg Gedold an Opmierksamkeet sinn a wéi gutt et deet, sech kennen op eneen ze verloossen an ze wëssen, datt ëmmer en do ass, wann Hëllef gebraucht gëtt. D‘Mass war inklusiv, intergenerationell, multikulturell an huet jiddweree mat agebonnen. Zesumme mat ganz ville Bewunner a Mataarbechter aus deenen ënnerschiddlechsten Institutioune vum Grupp elisabeth war duerno nach um Parvis vun der Kathedral e gemittlecht Zesummesinn mat Kaffi a Kuch. Vill vun hinne freeën sech bestëmmt schonn op dat nächst Joer, wann si erëm an d’Oktav kommen.