Portrait de Melody Ferreira, réceptionniste au Secrétariat Général

by vincentpauly

Découvrez le portrait de Melody Ferreira, réceptionniste au Secrétariat Général. C’est elle qui assure l’accueil de nos visiteurs du 22 boulevard Joseph II.

Pourquoi avoir rejoint elisabeth ?

D’Diversitéit vun de Leit, déi bei elisabeth betreit ginn a schaffen, awer och de Fait datt elisabeth sech am soziale Beräich engagéiert, motivéiere mech fir bei elisabeth ze schaffen.

 

Un mot / une devise / une citation qui te caractérise ?

« Ce qui ne me tue pas me rend plus fort » – Wann ech mir een Ziel setzen, ginn ech net op, och wa mol Schwieregkeeten optauchen.

 

Qu’est-ce que l’EPMC, l’école pour jeunes filles du groupe elisabeth, t’a apporté par rapport au métier que tu exerces chez elisabeth ?

Ech hat d’Opportunitéit kënnen am EPMC an d’Schoul ze goen an uschléissend, wärend mengem Apprentissage als DAP – Agent administratif am CIPA am Ste Elisabeth am Park kënnen ze schaffen.

Vill kënnen ze léieren sief et am administrative Beräich an der Schoul a wärend dem Apprentissage, awer an och de Grupp elisabeth kennen ze léieren war fir mech vu Virdeel.

Géigesäiteg Ënnerstëtzung an Team-Work hu mir vill fir meng Zukunft bruecht an dat hunn ech am EMPC an am CIPA Ste Elisabeth am Park konnte léieren.

Haut sinn ech houfreg am Secrétariat vun der Generaldirektioun ze schaffen an am Alldag meng Kenntnisser an Erfarungen unzewennen.

 

Quelle est la facette préférée de ton métier ?

Am Accueil vum Secrétariat an der Generaldirektioun sinn ech a Kontakt mat alle Beräicher an deenen elisabeth täteg ass: elisabeth enfance et jeunesse, elisabeth senior, elisabeth handicap, de schoulesche Beräich an nach natierlech och mat aneren administrative Servicer un elisabeth. Dës Mëschung mécht meng Aarbecht immens interessant an ofwiesslungsräich.