Volontariat am Streichelzoo

by admin

Volontariat am Streichelzoo vum Institut St. Joseph zu Betzder (ISJB)

Iwwert den SNJ sinn ech op de Streichelzoo am ISJB opmierksam ginn a war direkt interesséiert als Volontärin do ze schaffen. Am November 2020 krut ech da schonn d’Méiglechkeet unzefänken. Ech war begeeschtert, wat vir eng roueg a friddlech Atmosphär vun den Déieren ausgestraalt gëtt a konnt direkt verstoen, wat dat vir ee positiven Effekt op Leit mat awer och ouni geeschtlecher Beanträchtegung kann hunn. Och ech hu vun der Rou profitéiert an immens vill geléiert – vun der Betreiung vun de Bewunner bis hin zur Fleeg vun den Déieren. Souwuel d’Bewunner an d’Mataarbechter, wéi och d’Déieren am Streichelzoo si mir direkt un d’Häerz gewuess an ech gouf ganz schnell vun hinnen an d’Equipe opgeholl. No enger Zäit hunn ech geléiert, wéi vill hannert der tiergestützter Pädagogik stécht, wat dat vir ee wonnerschéine Beruff ass an eng super Méiglechkeet vir d’Bewunner. Jidderee freet sech vir an de Streichelzoo ze kommen a jiddereen deelt seng Freed bei den Déieren ze sinn, egal ob en elo mathëllefe kann oder kucken, fillen a lauschtere kann.

Vir mech waren déi 6 Méint, déi ech do schaffe konnt, bis elo eng vun deene beschten Erfarungen an ech ka soen, dass ech ganz vill vir mäi Liewen dobäigeléiert hunn. Et ass ee wonnerschéint Gefill esou vill Mënsche glécklech kennen ze maachen, an dat mat eppes wat engem och nach selwer immens vill Spaass mécht.

Ech ka just ëmmer erëm Merci soen, dass ech d’Méiglechkeet hat, am ISJB ze schaffen. Awer ganz besonnesch well ech dem Andrea Noll, menger Tutrice, Merci soe vir alles wat hat vir mech gemaach huet a mir bäibruecht huet a vir seng Hëllefsbereetschaft. Ech wäert meng Aarbecht zu Betzder an all d’Bewunner a Mataarbechter ganz vill vermëssen.

 

Anja Schneider