ONLY – all Bananne bei elisabeth hunn de Label Fairtrade

by secrétariat 1

Mir engagéieren eis zesumme mat Fairtrade fir méi eng gerecht Welt. An dofir hu mir haut offiziell eisen Zertifikat “ONLY” iwwerreecht kritt, mat deem mir eis verflichten an all eise 40 Institutiounen ëmmer 100% Fairtrade Banannen ze kafen an och ze verkafen.

Monsieur Jean-Louis Zeien, président de l’ONG Fairtrade Lëtzebuerg remet le certificat ONLY à Madame Fabienne Steffen, directrice générale du groupe elisabeth lors d’une conférence de presse en date du 23 septembre 2020.

Vum 1.01. bis den 01.09.2020 huet de Grupp elisabeth esou schonn iwwert 11,5 Tonne Banannen mam Fairtrade Label akaaft.

Zesumme kënne mer vill erreechen, a grad elo an der Covid-Zäit,  wou d’Fairtrade Primm kann agesat gi fir d’Leit déi an der Banannefilière schaffen ze schützen, an zwar net nëmme viru Pestiziden a lamentabelen Aarbechtsbedingungen, mee och virum Virus. Fairtrade international huet d’Erlabnis ginn déi Primmen ze notze fir Masken, Desinfektiounsmëttel an aner Protektiounsmoossnamen en place ze setzen a mir all wëssen wéi wichteg dat ass.

Méi heizou fannt Dir am Pressecommuniqué vu Fairtrade Lëtzebuerg.

Bléift dobäi! Hëlleft mat!

Kaaft just nach Fairtrade-Banannen, bei eis am Duerfbuttek beim Lis oder och anerwäerts, si sinn hire Präis duebel an dräifach wäert.

Oder mat de Wieder vu Fairtrade Lëtzbuerg:

Grad elo zielen d’Bananneproduzenten op eis fir hir Aarbechts- a Liewenskonditiounen ze verbesseren.

Fairtrade wielen, Liewe schützen !

#makebananasfair #2020 #fairtrade #luxembourg

 

 

Le groupe elisabeth s'engage 100% Fairtrade Bananas : ))