Sockenwettbewerb Miselerland

by admin

Si Dir vill am Ländchen ënnerwee? Entdeckt flott Plazen? Hutt eventuell eng richteg Liblingsplaz am Miselerland? Ma dann traut Iech a maacht mat. Probéiert dës Plaz kreativ ze dokumentéieren, ob Foto, Zeechnung, Plang, Mixed media, …. et ass komplett Iech iwwerlooss . Schéckt dann en A4 Ausdrock vun Ärer Kreatioun un d’Lynn aus dem Duerftreff “Beim Lis”. Dem Gewënner säin Design gëtt op 450 Puer Strëmp gedréckt.

Matmaache kënnt Dir nach bis den 31. August 2020. Mir si ganz gespaant a freeën eis d’Schéinheet vum Miselerland duerch Iech nei ze entdecken. :))
Mir wënschen Iech ganz vill Spaass fir dësen kléngen Challenge. Amuséiert Iech gutt dobäi, dat ass d’Haptsaach 😉

 

 

Flyer Sockenwettbewerb

Flyer PDF p.2

 

Hei fannt Dir di ganz Bewerbungsënnerlagen.