Eng lieweg Interaktioun mat eise Crèche-Kanner an hire Famillen

by admin

Interaktive Kommunikation und Elternpartizipation im Kleinkindbereich – mit Hilfe verschiedener (digitaler) Medien

sou heescht eist neit Konzept, dat mir zanter dem 10. Abrëll ëmsetzen. Zil ass, datt d’Erzéier de Kontakt zu de Kanner an hire Famillen oprecht erhalen an eng lieweg Interaktioun entsteet, trotz der physescher Distanz. Mir wëllen domadder bewierken, datt et deene klénge Kanner am Alter vun 1-4 Joer no der Corona-Kris manner schwéier fällt sech nees un den Alldag an der Crèche ze gewinnen.

Iwwert verschiddenst (digital) Medie kréien d’Famillen Zougang op Spiller, Lidder, Kamishibai, Dëschtheater, Fangerspiller a vill aner Ureegungen, esou wéi d’Kanner dat aus der Crèche kennen.

Di Kléng gesinn an héieren doheem hir Bezuchspersounen aus der Crèche. All dës Ureegungen maachen eng Interaktioun mam Erzéier méiglech. Sou eng „Äntwert“ kann iwwert vill Weeër geschéien: Eng Foto, e Bréif, e gemooltent Bild, eng gefilmte Sequenz, eng Toun-Opnam vun engem Lidd oder soss eng kreativ Reaktioun.

D’Famille kréien d’Ureegunge souwuel op lëtzebuergesch, wéi och op franséisch. Sou gëtt d’Sproochkompetenz vum Kand och iwwert dëse Wee gefërdert. Alles wat u „Retour“ vum Kand kënnt, gëtt a sengem perséinleche Portfolio versuergt.

Wann d’Crèchen erëm opginn, kucken eis Erzéier sech zesumme mat de Kanner all déi Momenter zesummen un an domadder gëtt Distanz tëschent doheem an der Crèche méi kléng an d’Aliewe méi einfach.

Hei fannt Dir d’Geschicht vun der Popp Lea, déi ganz alleng an der Crèche ass an sech drop freet, wann d’Kanner erëm kommen:

BUCH LEA

 

An hei, mat engem grousse Merci un all Kanner, déi hire Betreier aus der Crèche Bimbam vu Schieren, dës wonnerschéi Biller gemoolt a geschéckt hunn. Si hänken elo an de Fënstere vun der Crèche.

Fir erofzelueden a mat ze sangen: hei clicken