Reliounen am Alldag vun eisen Häiser

Reliounen am Alldag vun eisen Häiser

by dorisbintner

Eise Service « Cultures et Religions » huet iwwert d’ Joer vill geschafft, fir datt Leit mat verschiddensten reliéisen a kulturellen Hannergrënn sech méi no kommen a géigensäiteg méi e grousst Verstehsdemech kréien. Am Kader vun eisem Engagement, dat an der « Charte de la Diversité » kloer definéiert ass, hu mir fir de 15. Mee vun 10 bis 12 Auer eng Table Ronde geplangt, wou mir eis mam Thema « Reliounen am Alldag vun eisen Häiser » befaassen. Moderatorin ass d’Mme Christiane KREMER, wëssenschaftlech Mataarbechterin an Ausbilderin bei der Luxembourg School of Religion and Society.

Jiddwereen, den interesséiert ass, ass häerzlich wëllkomm.

De genaue Programm fannt dir hei.