Liichterfest zu Betzder

Liichterfest zu Betzder

by dorisbintner

Begleet mat Freed, Lidder an enger Geschicht iwwer d’helleg Elisabeth ass um 16.11.2018 am Institut St Joseph zu Betzder am Liewens- an Erennerungsgaart dat traditionell d’Liichterfest gefeiert ginn. Et war zwar kal awer dréchen a gutt 90 Persounen hunn deel geholl. Zum Ofschloss gouf et vir jiddereen eng gutt waarm Zopp an e Stéck Kuch.