all mënsch huet recht op seng plaz an der gesellschaft

 

Historesch betruecht steet d'Congregatioun vun de Schwëstere vun der helleger Elisabeth un der Origine vun eise Wierker. Et huet alles ugefaang mat dräi Schwësteren, déi 1671 op Lëtzebuerg geruff gi sinn, fir sech ëm déi aarm a krank Leit ze këmmeren. Zu där Zäit huet de Staat nach keng esou Missiounen iwwerholl an et waren d'Schwësteren, déi iwwerall do agespronge sinn, wou Nout um Mann war.

 

Haut ass d'Situatioun eng ganz aner. De Staat iwwerhëlt säit laangem seng Verantwortung am soziale Beräich an hie finanzéiert ee groussen Deel vun den néidege Strukturen, fir de Leit ze hëllefen. Trotzdeem ass de Grupp elisabeth op Hëllef aus dem private Beräich ugewisen, fir den Uspréch u Qualitéit gerecht ze ginn an deen Deel vun de Mëttel opzebréngen, deen de Staat net bäileet. Mir bidden de Leit, déi eis uvertraut sinn, eng Betreiung, déi sech ganz un eisem Leitbild orientéiert. Dat gëllt fir sozio-educativ Déngschter fir Kanner a Jugendlecher, Déngschter fir behënnert Leit an eeler Matmënschen esou wéi eis Privatschoul. Bei dëser Betreiung ginn déi chrëschtlech Wäerter zäitgeméiss interpretéiert an an ee Kontext vun enger moderner Gesellschaft gesat. Zwee Wäerter schiele sech dobäi eraus, déi sech wéi ee roude Fuedem duerch eis Haiser zéien: Wäertschätzung a Selbstverantwortung. Mee wat heeschen déi zwee Wäerter elo konkret?

 

Mir erklären an dëser éischter elisabeth-Newsletter, wéi eis Mataarbechter an deene verschiddene Beräicher dës Wäerter am alldeegleche Liewen ëmsetzen. Et si Kanner, behënnert Leit, jonk oder al Matmënschen, déi elisabeth op deem Stéck Liewenswee begleet, op deem si grad Ënnerstëtzung an Hëllef brauchen. elisabeth setzt sech also dofir an, datt ALL Mënsch seng Plaz an eiser Gesellschaft huet, sech op seng Zukunft virbereeden oder säin Alldag sënnvoll gestalte kann. Mir zielen op Iech, fir eis bei dëser nobler Tâche ze hëllefen. Loosse mer et zesummen ugoen!

 

De Verwaltungsrot vun elisabeth


 

 

LEITBILD_FR.pdf

Forum fir eis Mataarbechter

Uniquement pour le personnel d'elisabeth - am sozialen déngscht zu lëtzebuerg

 

Hei de Link fir op eise Forum fir d'Mataarbechter