elisabeth agenda elisabeth on Facebook linkedin Connection linkedin Connection linkedin Connection

ISJB BY NIGHT - OPEN AIR KINO                             Freideg, den 31. August 2018

Porte Ouverte mat Stroossen- an Hobbymaart - 16.09.2018 am "Haus am Klouschter"

Dir sidd all ganz häerzlech invitéiert op d'Porte Ouverte vum Haus am Klouschter zu Munneref e Sonndeg, de 16. September ab 11.00 Auer.
Weider Informatiounen iwwert dat flott Event fannt Dir um Flyer.

 

 

D'Crèche Margréitchen op der "Foire agricole"

D'Crèche Margréitchen hat sech mat sengem Grupp vun den Tigeren um Moien vum 26te Juni mam Bummelbus op de Wee op Ettelbréck gemaach fir d'Foire agricole ze besichen.

 

Eis Handpopp d'Susi gouf dës d'Joer vun de Kanner mat op den Tour geholl an zesummen gouf all Déier perséinlech begréisst, all Trakter genau ënnert d'Lupp geholl an d'Wuppen um Grill d'Fäerte geléiert. Als Ofschloss gouf et nach eng Glace an e Gadget.

 

Merci a bis d'nächst Joer soen d'Margréidercher.

 

Projet "Recycling an eis Ëmwelt"

"Wien? Wéi? Wou? Firwat?", 1000 Froen déi eng Äntwert fuerderen, 1000 flott Saachen ze entdecken. Ouni Froen kee verstoen, ouni probéieren kee léieren, kee begräifen ouni gräifen. An dat ass och eise Motto wärend de Méint Abrëll, Mee a Juni 2018. Als Iwwergang vum Projet zur Ëmwelt hinn zum neie Projet "kleng Fuerscher", huet d'Crèche Margréitchen zesummen mat de Kanner, hieren Elteren an der Equipe vun der Gäertnerei en neien Projet op d?Been gestallt: E Weidenhaischen bauen. Mëttwochs, den 9ten Mee hunn d'Leit sech versammelt fir zesummen a mat Hëllef vun der Gäertnerei vun der Gemeng Biissen de Kanner ee Weidenhaischen ze flechten.

 

Als kleng Stäerkung kruten all Participanten nach am Kader vun de Fairtrade-Wochen e Picknick mat fair gehandelten Produiten.

 

D'Crèche Margréitchen seet e grousse Merci un all d'Leit déi gehollef hunn dëse Projet op d'Been ze stellen: Der Gemeng a besonnesch dem Marc Junk deen de Projet geleet huet, dem Max Steffen, deen jiddermann an dat gutt Liicht réckt, eisen Elteren déi ëmmer Zäit fir d'Crèche fannen an de Kanner déi ëmmer gären eng Hand mat upaken.